Tornado géint St.Ouen net ze klappen

Den Zuschauer gouf op der Kockelscheier rem en haarden Match gebueden Photo by Sport50, JMM



25 January 2010

No enger laanger Paus iwwer d'Kreschtdeeg konnten sech d'Fans vum Tornado Luxembourg endlech mol rem iwwer en Match zu Lëtzebuerg freen, well op der Kockelscheuer as déi Lëtzebuerger Equipe op Deuil/St.Ouen getraff an huet och glaich den éischten Home-Win vun der Saison gemaach. Réicht den Match fierdrun haat den Tornado Luxembourg jo mat 13:0 géint Les Corsaires Dunkerque gewonn (<a href="index.php?site=news_comments&tornado-luxemburg-zeigt-dominanz&newsID=190">méi liesen</a>).

Déi 3 Linnen, déi den Trainer Joakim Eriksson opgesaat haat, hun d'Equipe aus Frankraich mat 10-2 dominéiert.

Den Match war lues ugaangen, an et haat een d'Gefill den Tornado géif sech un d'Vitesse vun den Géigner upassen, déi manner Lait op der Bänk haaten wéi d'Heemmannschaft. Mee schon fréi am Match haaten déi zwou Equipen hier éischt geféierlech Aktiounen an der Offensiv. Et war den Steven Minden deen bei 11:23 den éischten Goal, op Pass vum Jeff Meyer an Jason Maclean , fier d'Lëtzebuerger konnt schéissen.

Onglécklecherweis war et dun awer den Jeff Meyer deen eng 2-Minuten Stroof kruut, an der Equipe aus St.Ouen et an Iwwerzuel liicht gemaach huet, den 1-1 ze schéissen. Nom éischten Drëttel sin déi zwou Equipen aus der Franséischer 3. Divisioun mat engem Glaichstand an den Vestiaire gaangen. Dem Joakim Eriksson seng Uweisung waren dun zimlech daitlech: Méi Schlittschong fueren an d'Chancen besser ausnotzen.

Et huet weider 8 Minuten gedauert, bis een vun lëtzebuerger Sait hier rem eppes ze gesin kruut. Et war erem den Steven Minden deen op Pass vum Benny Welter an Georges Scheier bei 28:19 den Puck konnt versenken. Et hat awer keng 3 Minuten gedauert, bis d'Äntwert vun den Gäscht aus Frankraich koum; No engem Giveaway an der neutraler Zone konnten si en 2 géint 0 Breakaway versenken an hun dem Tornado-Keeper Gilles Mangen keng Chance gelooss.

Bei 32:24 war et alt erem déi 3. Linn déi Tornado an d'Spill bruecht huet. No enger perfekter Pass vum Steven Minden war et den Patrick Schon deen am Slot stoung an secher an den eidelen Goal getraff huet.

Wéi den Thierry Magalhaes dun vun hannen gecheckt gouf, huet St.Ouen missen an Ennerzuel spillen, waat den Benny Welter, op Pass vum Robert Beran an Serge Milano, aiskaal konnt ausnotzen, an bei 36:55 den 4-2 getraff huet. Den Recht vum Drëttel war vun Stroofen an laangen Pausen geprägt.

Am leschten Drëttel war den Knuet dun geplatzt. Den Georges Scheier konnt, op Pass vum Benny Welter , an der 42:56 Minute en Goal maachen, an et huet keng 41 Sekonnen gedauert, bis déi zwee sech oofgewiesselt hun an erem en Goal geschoss hun. Bei 45:31 konnt den Thierry Magalhaes op Pass vum Agi Ichinorov verwandelen. Et stoung 7-2. Nemmen zwou Minuten méi spéit huet den Patrick Schon , mat ebessen Gléck an Ongeschéck vum géignereschen Goalie, kennen vun der bloër Linn aus treffen. Et war dun den Benny Welter , Scoring Leader aus der ganzer Liga vun 2008/2009, deen bei 57:05 sain éischten Hattrick vun der Saison gemaach huet. Den Robert Beran huet an der leschter Minute den Saack zou gemaach an den 10-2 versenkt.

Den Zuschauer gouf wéi emmer eng gudd Show gebueden an et war secherlech Entertainment puer! Op den Tornado sain Winning Streak lo kann weider féieren, bleiwt ongewosst. An zwou Wochen steet dann och schon den Réckmatch géint St.Ouen un! Fier den nächsten Heemmatch mussen d'Fans vum Tornado Luxembourg sech allerdéngs nach ebessen gedellegen, well fier d'éischt stin nach e puer Auswaertsmatcher um Programm. Den 27. Februar waert Lëtzebuerg dann um 19h00 op der Patinoire Kockelscheuer géint Dunkerque spillen.

D'Fotoen fannt dier natierlech wéi gewinnt an eiser Fotogallerie!