Tornado gewënnt Tournoi Final vum Playdown

Topscorer vum Weekend wor den Steven Minden Photo by Sport50



27 April 2010

Am Tournoi Final vum Playdown an der franséicher Divisioun 3, wou déi 4 Bescht vun insgesamt 13 Ekippen aus dem Playdown openeen getraff sin, konnt den Tornado Luxembourg iwwerzeegen an sech déi éischt Plaz sëcheren. An der Halleffinale sin d'Lëtzebuerger op "Les Ducs Dijon" getraff. Obwuel déi aaner Mannschaft den gréissten Deel vun der Zäit am Puckbesëtz wor, konnt den Tornado knapp 8 Minutten firun Schluss duerch en glécklechen Goal vum Patrick Schon an Féierung goen. D'Ekipp vun Dijon wollt onbedengt nach en Goal schéissen, as awer net laanscht den Lëtzebuerger Goalkipp Michel Welter komm. Den Steven Minden konnt dëst notzen an en Break-Away rausschloen, deen hien dun och verwandelt huet. Den Match as mat 2:0 fir den Tornado op en Änn gaangen.

Um Sonndeg huet den Tornado Luxembourg an der Finale géint Asnières Castors gespillt, eng Ekipp géint déi d'Lëtzebuerger och schon während der Saison gespillt hun (0:4, 6:4). Asnières haat sech an der Halleffinale mat 9:6 géint Le Havre duerchgesaat. Et wor eng spannend Finale. No 2'41'' wor et den Marc Dussaucy deen d'Auswärtsekipp an Féierung bruecht huet. Den Steven Minden konnt dun an der 13'43'' op Pass vum Ronny Scheier den Ausglaich maachen. Am zweeten Drëttel huet Asnières rem fréi en Goal geschoss, allerdengs wor et erem engkéier den Steven Minden , dës Kéier op Pass vum Christophe Thiry , deen den 2:2 konnt schéissen. 10 Minuten firun Schluss war et den Jason Maclean deen op Pass vum Kai Linster konnt den Game-Winning-Goal maachen. Den Tornado Luxembourg gewënnt d'Finale mat 3:2 no engem spannenden Match!

Dijon gewënnt den Match em Plaz 3 mat 7:5 géint Le Havre.

D'Saison am lëtzebuerger Aishockey geet soumat op en Änn. Sport50 waert allerdéngs rem mat dobai sin, wann den Tornado Luxembourg am September nees den Ligabetrieb ophëllt. Och iwwert den Summer waerten Ierch nach déi eng oder aaner Reportagen erwaarden.