Tornado ersetzt Eriksson duerch Barthels

Den neien Headcoach Yves Barthels Photo by Gilles Mangen



26 November 2010

Den Tornado Luxembourg trennt sech mat direkter Wirkung vum Trainer Joakim Eriksson nodeems d'Ekipp mat 5 konsekutiven Néierlagen an d'Saison gestart as. Schon d'lescht Joer hat den Tornado Luxembourg d'Playoffs ënnert dem Eriksson wäit verpasst. Et konnt een zwar duerno den Playdown gewannen, trotzdem wor d'Ziel fir déi nei Saison den Opstieg an déi zweet Divisioun.



Neien Headcoach gëtt den Yves Barthels , deen bis dato d'Positioun vum Assistant Coach besaat haat. Obwuel d'Aussiichten op d'Playoffs momentan immenz schlecht sin, geet den neien Trainer seng nei Arbescht optimistesch un an hofft op eng Verbesserung op laang Dauer.