Tornado onglécklëch géint Asnières

Stürmer Robert Beran musste wegen einer Verletzung am Kopf nach dem zweiten Drittel aufhören. Photo by Sport50



15 March 2010

Um Samschdeg Owend huet den Tornado Lëtzebuerg an der franséischer Divisioun 3 am Aishockey géint d'Asnières Castors gespillt. Et sollt en spannenden Match em d'Spëtzt vun der Tabell vun der Grupp H2 gin, an deem déi éischtplatzéiert Lëtzebuerger op den Zweeten aus der Tabell sollten treffen. Den Match huet den Emstänn entspriechend och gudd ugefaangen an huet versprach spannend ze gin, och wann den Tornado-Trainer Joakim Eriksson op insgesamt 6 (!) Stiermer huet missen verzichten. Vum Ufank un gouf den Match vun engem gudden Tempo bestëmmt. Den Yves Barthels krut allerdéngs no knapp 3 Minuten schon déi éischten Stroof op lëtzebuerger Sait. D'Fransousen hun dëst och probéiert beschtméiglech auszenotzen an hun Drock op den lëtzebuerger Goal gemaach, haaten allerdéngs keen Succès. Duerno war et den Georges Scheier deen zwee Mol hannerdeneen op der Stroofbänk geland ass, d'Fransousen allerdéngs konnten dësst net ausnotzen an sin um Tornado-Goalkipper Gilles Mangen gescheitert. Béid Ekippen hun haart gekämpft, konnten allerdéngs naischt aus hieren Goalchancen maachen. Den Zuschauer gouf eng immenz spannend éischt Period gebueden.

Am zweeten Drëttel as den Match dun och méi physesch gin an gouf vun e ganze Koup Stroofminutten geprägt. Et war dun bei der 34. Minutt wou den Georges Scheier seng drëtt Stroofminutt kruut, an nach an der selwechter Minutt as och den François Schons vum Ais geschéckt gin. Déi staark Ekipp vun Asnières huet dësst gekonnt auszenotzen gewosst: Et war den Slyvain Bourcet deen beim 5-on-3 Powerplay fir déi franséisch Ekipp den 1:0 konnt marquéieren. Knapp 3 Minutten drop war et erem den François Schons, deen duerch eng éischter ongerechtfertegt Stroof rem huet missen op d'Bänk goen. Et war den Marc Dussaucy, deen och schon beim 1. Goal fir Asnières séng Fangeren am Spill haat, deen zwou Minutten firum Schluss vum zweeten Drëttel den 2:0 fir déi franséisch Ekipp konnt schéissen. Béid Ekippen sin dun an d'Cabine gaangen, wou d'Lëtzebuerger vum Trainer Joakim Eriksson secherlech net vill Komplimenter gemaach kruuten.

Am läschten Drëttel war et dun awer no 5 Minuten den Serge Milano deen op lëtzebuerger Sait rem op d'Stroofbänk huet missen goen. Dëst haat den Marc Dussaucy, deen an dësem Match insgesamt 4 Punkten bei 4 Goaler gemaach huet, ausnotzen kënnen an den 3:0 fir Asnières kënnen erzielen. Mat engem Schoss vun der bloer Linn an enger gudder Arbescht vum Stiermer firum lëtzebuerger Goal konnt hien säin zweeten Goal vun der Partie maachen. D'Lëtzebuerger hun, waat d'Stroofen ubelaangt, zwar dun erem méi disziplinéiert gespillt, an probéiert nach déi eng oder aaner Chance erauszespillen, konnten um Änn hier Chancen awer net ausnotzen. Et war dun 48 Sekonnen firun Schluss nach engkéier den Fransous Marc Dussaucy deen konnt en Goal schéissen an domat sain Hattrick vervollstännegen. Mat enger onglécklecher 0:4-Perte fir den Tornado Luxembourg as dësen Match op en Änn gaangen.

Den 0:4-Score um Änn haat secherlech eppes mat der ondisziplinéierter Spillweis ze din, awer och domat dass d'Lëtzebuerger duerch déi vill verletzungs-bedéngten Absencen mat komplett neien Linnen hun missen spillen, an d'Spiller net onbedéngt alleguer obeneen agestëmmt woren.

Update: Den Réckmatch, deen ausnahmsweis direkt den Daach drop Moies gespillt gouf, konnten d'Lëtzebuerger mat 6:4 gewannen.